
D’Participatioun un dëser Ëmfro gëtt op dräi verschiddene Kontaktweeër ugebueden, mam Zil, déi befrote Bevëlkerung esou representativ ewéi méiglech ze presentéieren:
Rekrutement iwwer Telefon
ILRES wielt d‘Telefonsnummeren, déi se iwwer Computer mathëllef vun der „Random Digit Dialing“ Technik (Telefonesch Befroung nom Zoufallsprinzip) generéiert huet. Bei dëser Technik ginn Telefonsnummeren aus besteeënde Wuerzele kreéiert, d.h. déi éischt zougewisen Ziffere ginn esou iwwerholl, wéi se beispillsweis vum Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut (ILR) verëffentlecht ginn, an all déi méiglech Nummerkombinatioune vun de verbleiwende véier bzw. sechs Ziffere gi kreéiert. ILRES verfüügt net iwwer d’Identitéit vun de Persounen, deenen hir Nummeren si wielt. Wann déi kontaktéiert Persounen um Projet interesséiert sinn, stellt den Enquêteur hinnen e puer Froen, fir ze iwwerpréiwen, ob hire soziodemografesche Profil engem vun deene fir dës Ëmfro gesichte Profiller entsprécht, a späichert hir E-Mail-Adress, fir se per E-Mail ze invitéieren, de Questionnaire online auszefëllen.
Rekrutement iwwer d’Invitatiounsbréiwer vun ILRES un d’Panel-Memberen
ILRES schéckt de MyPanel-Memberen Invitatioune per E-Mail a Funktioun vun der Gesamtzuel vun den Interviewen an de soziodemografeschen Eegenschaften, déi fir dës Ëmfro gebraucht ginn.
Rekrutement un der Hausdier
D’Enquêteure vun ILRES ginn no der „Random-Route-Method“ vun Hausdier zu Hausdier a proposéieren de Bewunner, bei der Ëmfro matzemaachen. Bei dëser Method gëtt unhand vu GPS-Koordinaten nom Zoufallsprinzip en Ausgangspunkt festgeluecht a vun do aus e bestëmmte Streckeverlaf agehalen. Uschléissend gëtt versicht, d’Bewunner vun all zweeter oder véierter Adress op dëser Streck ze kontaktéieren an ënnert dësen déi selektionéiert Persoun ze invitéieren, bei der Ëmfro matzemaachen. D’Enquêteure kennen also net d’Identitéit vun de Leit, un deenen hirer Dier si schellen, fir hinnen unzebidden, matzemaachen. Wann déi selektionéiert Persoun akzeptéiert, matzemaachen, gëtt den Enquêteur hir en Tablet , op deem se de Questionnaire selwer ausfëlle kann.
Mediahuis Luxembourg S.A., EDITA S.A. an EDITPRESS Luxembourg S.A., hei drënner „d’Optraggeber“ genannt, si gemeinsam responsabel fir den Traitement vun de perséinlechen Donnéeën, déi am Kader vun dëser Ëmfro gebraucht ginn:
Mediahuis Luxembourg S.A.
31, rue de Hollerich, L-1741 Luxembourg / https://www.mediahuis.lu/fr/.
Kontakt vum Dateschutzbeoptraagten: https://mediahuis-privacy.my.onetrust.com/webform/107f8d5a-d81d-4be4-8bd4-d0675cfeda1a/2bf1c67a-2aeb-414c-8b51-38a29ba1ea8d.
EDITA S.A.
115a, rue Emile Mark, L-4620 Differdange / https://www.lessentiel.lu/.
Kontakt vum Dateschutzbeoptraagten: dpo@lessentiel.lu/
EDITPRESS LUXEMBOURG S.A.
7, avenue du Rock’n Roll, L-4361 Esch-sur-Alzette / https://www.editpress.lu/.
Kontakt vum Dateschutzbeoptraagten: dpo@editpress.lu/
D’Optraggeber hunn d’Meenungsfuerschungsinstitut ILRES S.A. mat Sëtz zu L-8070 Bertrange, 41, rue du Puits Romain, mat der Duerchféierung vun der Ëmfro beoptraagt, dat deemno als Soustraitant vun den Donnéeë fungéiert. Weider Informatiounen iwwer ILRES: https://www.ilres.com/. Kontakt vum Dateschutzbeoptraagten: dpo@ilres.com.
ILRES huet d’Aufgab, d’Participatioun un der Ëmfro mat Hëllef vun deene verschiddenen ënnert dem Punkt 1 genannte Kontaktweeër ze sollicitéieren, d’Äntwerte vun de Participanten ze erfaassen, dës Äntwerten ze analyséieren, ze anonymiséieren an d’Resultater an déi anonymiséiert Donnéeën un d’Optraggeber ze iwwermëttelen.
Fir d’MyPanel-Memberen (Paneliste vun ILRES) a wat deenen hir E-Mail-Adress an hir soziodemografesch Donnéeën ugeet, déi fir d’Selektioun vun deene fir dës Ëmfro invitéierte Persounen traitéiert ginn, ass ILRES aleng responsabel fir den Traitement vun dëse perséinlechen Donnéeë fir d’Selektioun. Fir all weider Detailer zum Traitement vun den Donnéeë vun de MyPanel-Memberen duerch ILRES fannt Dir um Online-Informatiounsblat ënnert dem Link https://ilres.lu/, Rubrik „MyPanel-Memberen (Online-Ëmfroen)“.
Déi Persounen, déi iwwer Telefon invitéiert ginn, bei dëser Ëmfro matzemaachen, fannen alleguerten d’Detailer iwwer d’Aart a Weis, wéi ILRES déi Nummeren, déi se kontaktéiert, generéiert a wielt, an iwwer Är Rechter an dësem Zesummenhang um Online-Informatiounsblat ënnert dem Link https://ilres.lu/, Rubrik „Wéi ILRES S.A. Är Telefonsnummer benotzt“.
D’Finalitéit vum Traitement vun den Donnéeën am Kader vun dëser Ëmfro besteet dran, iwwer zouverlässeg Donnéeën iwwer d’Lieserschaft vu Presstitelen ze verfügen, wat bedeit, déi soziodemografesch Profiller vun de Consommateure vun deene verschiddene Presstitelen ze verstoen an ze wëssen, wéi oft si déi eenzel Medie konsuméieren.
Fir dëst Zil entspriechend der gewielter Methodologie ze erreechen, ass den Traitement vu verschiddenen Zorte vun Donnéeën noutwenneg:
Informatiounen, déi vun de Persounen, déi bei der Ëmfro matmaachen, duerch hir Äntwerten an de Questionnairë geliwwert ginn
Informatiounen betreffend d’Gestioun vun den Ëmfrogebitter
Fir telefonesch rekrutéiert Persounen:
Fir un der Hausdier rekrutéiert Persounen:
Fir iwwer MyPanel rekrutéiert Persounen:
Informatiounen, déi fir d’Gestioun vum Paiement vun de Beloununge fir d’Participanten néideg sinn.
Informatiounen, déi fir den Traitement vun den Demandë vun de betraffene Persounen néideg sinn, onofhängeg dovun, ob et sech dobäi ëm Demandë betreffend den Traitement vun hiren Donnéeën oder ëm Froen zur Ëmfro oder zu techneschen Aspekter (Helpdesk) handelt:
Den Traitement vu perséinlechen Donnéeën am Kader vun dëser Ëmfro gëtt op der Grondlag vum Accord vun der kontaktéierter Persoun realiséiert, deen am Ufank vum Questionnaire ugefrot gëtt.
Selbstverständlech steet et Iech fräi, d’Participatioun un der Ëmfro ofzeleenen, wat guer keng Konsequenzen huet, ofgesinn natierlech dovunner, datt Dir kee Recht op d’Belounung hutt, déi de Participanten zousteet.
Déi vun ILRES traitéiert perséinlech Donnéeën an Informatioune ginn iwwer e Cloud-System op Serveren innerhalb vun der Europäescher Unioun gespäichert. Den Ubidder vum Cloud-Service, op deem dës Informatioune gespäichert ginn, huet sech vertraglech géintiwwer ILRES verflicht, dës Donnéeën net fir eegen Zwecker ze benotzen, well hien ausschliisslech am Kader vun der Maintenance vum Server drop zougräife muss.
ILRES benotzt eng Datesammlungssoftware, dee vun der Firma NIPO Software BV mat Sëtz zu Amsteldijk 166, 1079 LH Amsterdam, bereetgestallt gëtt. Dës Firma traitéiert pseudonymiséiert Donnéeën ausschliisslech fir d’Bereetstellung vun hirer Online-Datesammlungssoftware, ouni datt dësen Ubidder Zougang zu den E-Mail-Adresse vun de befrote Persounen hätt. Ënner pseudonymiséierten Donnéeë sinn Donnéeën ze verstoen, deenen e Code/Pseudonym zougewise gouf, d. h. Donnéeën, déi keng Informatioune wéi Är E-Mail-Adress enthalen, déi zu enger Identifizéierung féiere kéinten.
ILRES iwwermëttelt d’Donnéeën a pseudonymiséierter Form un d’Aktiegesellschaft Kantar Insights mat Sëtz zu B-1210 Saint-Josse-ten-Noode, 4-10 Boulevard Saint-Lazare. Kantar Insights analyséiert dës Donnéeën, ouni awer d’Participanten identifizéieren ze kënnen.
D’Optraggeber kréien ausschliisslech anonym an aggregéiert Donnéeën iwwermëttelt.
Déi traitéiert perséinlech Donnéeë verloossen d’Gebitt vun der Europäescher Unioun net.
ILRES anonymiséiert déi traitéiert Donnéeën esou séier ewéi méiglech no der Ëmfro, spéitstens awer bannent sechs Méint o Ärer Participatioun.
Jiddereen, deem seng perséinlech Donnéeën am Kader vun der Ëmfro traitéiert ginn, kann ënnert deenen am Allgemengen Dateschutzreglement festgeluechte Bedéngungen déi follgend Rechter geltend maachen::
Dir kënnt sämtlech Demanden am Bezuch op déi uewen opgezielte Rechter un den Dateschutzbeoptraagte vun ILRES schécken - entweder per Post un ILRES, 41, rue du Puits Romain, L-8070 Bertrange, oder per E-Mail un DPO@ilres.com.
Beuecht dobäi awer w.e.g., datt et sech ëm Donnéeën handelt, déi ouni d’Erfaasse vun der Identitéit vun der befroter Persoun gesammelt goufen. Dofir ass fir den Traitement vun der betreffender Demande op mannst d’E-Mail-Adress vum Participant oder, jee nom gewielte Kontaktwee, seng Telefonsnummer erfuerderlech.
Beuecht w.e.g. och, datt déi gesammelt Donnéeën esoubal wéi méiglech anonymiséiert ginn. Et ass dowéinst méiglech, datt dës Donnéeën zum Zäitpunkt vun Ärer Demande schonns anonymiséiert goufen, wouduerch Är Demande net méi fondéiert wier.
Op jiddwer Fall kritt Dir esou séier wéi méiglech an esouwäit keng besonnesch Ëmstänn virleien, iwwer déi Dir gegeebenefalls a Kenntnis gesat gitt, spéitstens ee Mount nom Agang vun Ärer Demande eng Äntwert.